Waat as dë Pick-up beim Jess?

 

Pick up Rom1

Dën 20. Abrëll 2015 huët dë Pick-up beim Jess seng Diren opgemaach.

D’Ziel as, dë Leit d’Waarden op der Kontrollstatioun zë verséissen mat Kaffi, Kuch a Sandwicher. Natiirlëch däerft Dir och einfach sou lanscht kommen! D’Jess as frou Eech an senger klenger Sandwicherie zë begréissen. All Woch gët ët ee neien waarmen Sandwich “dë Pick-up vun der Woch”, souwéi eng frësch Daageszopp. Wann d’Zäit ët erlaabt, zervéiert d’Jess Eech mëttwochs an donneschdës och mol hausmaacher Taart oder Kuch. Fir déi Kleng gët ët ee flotte Spilleck.

Mir maachen och alles op Commande. Ob Sandwicher, Zoppen oder einfach nëmmen eng frëschgebaaken Baguette, rufft eis un a kommt ët laanscht sichen.

De Pick-up beim Jess as op vun méindes bis freides vun 8 bis 17 Auer (dënsdes Nomëttes ab 14 Auer as zou).

Kommt einfach bis laanscht kucken a lost Eech iwweraschen, oder besicht eis op eiser Facebook-Säit! Mir freeën eis iwwert all “Like”.

Comments are closed